Konferenz mam Jean Feyder

Donneschdes, de 15.10.2015 um 20.00 Auer am „Mamer Schlass“, um Virowend vum Welternährungsdag organiséiert de KLIMAFORUM zesumme mat aneren Organisatiounen eng Konferenz zum Thema:
“Un Honger leiden eng vu siwe Milliarde Mënschen! Firwat?”
De Referent Jean FEYDER, pensionéierten Diplomat war e.a. Direkter fir Entwécklungszesummenaarbecht vun 1998 bis 2005 a stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg zu Genf bei der UNO an der Welthandelorganisatioun (WTO) vun 2005 bis 2012. Den Här FEYDER engagéiert sech elo éierenamtlech a verschiddenen ONGen an de Beräicher Nord-Süd-Relatiounen, Welternährung etc. Hien huet e Buch erausginn, dat “Mordshunger” heescht, respektiv “LA FAIM TUE”, an dat 2014, respektiv 2015 an enger neier Versioun erauskomm ass.