D’Geschicht vum eng Welt ouni Honger

D’Geschicht vum eng Welt ouni Honger

Moien. Ech heeschen Issa. Ech hu 7 Joer an ech wunnen am Niger mat all mengen Kollegen. Meng Elteren sin Baueren. Mir iessen Reis, Niébé, Tomaten, Poulet, lauter gutt Saachen ! Mee net all Dag… Sie hätten just gär gudde Som, e bëssen Waasser, e bëssen Material fir kënnen ze schaffen sou dass se all Dag genuch z’Iessen hun. Sou wier ech physesch besser a Form a géif an der Schoul besser nokommen. A meng Elteren wieren och frou!

Kënnt dir ons hëllefen ? Merci.

Dëst ass d’Geschicht vum Issa aus Niger, mee och déi vum Soumaila aus dem Burkina Faso, dem Aminata aus dem Mali, dem Maraki aus Äthiopien a villen aneren. Et ass d’Geschicht vu Milliounen vu Leit, déi all Dag Honger leide mussen.

Zesummen kënne mir eng besser Welt schafen, eng Welt ouni Honger an Ongerechtegkeet.